Projets

Mir entdecken Musekswelt
Projet pédagogique
06.11.2019 - 06.11.2019An deenen leschten Joren, ass Musek an der Maison Relais e bëssen ze kuerz komm an net sou vill praktizéiert ginn. Dat ass schued, well eng musikalesch Fréierzéiung ganz vill bewierken kann.
Zemools an engem stressegen Alldag ass Musek een gudden Ausgläich, wat souwuel berouegen kann, mee och kennen Kanner sech mat den Instrumenter austoben.
Eist Haaptzil ass et net, de Kanner Nouten beizebrengen,
mee dass si Musekswelt kennen leieren an Méiglechkeet kréien, erauszefannen, ob si sech domat identifizéieren kennen.
Musek ass sou villfälteg an huet vill positiv Kompetenzen.
De ganzen Projet wäerten mir sou gestalten, fir de Kanner hiert Interesse unzereegen.
Dest wëllen mir erreechen, andeems mir tëschenduerch ëmmer nees Spiller ubidden, déi mat Musek ze dinn hunn. Well aus laanger Erfarung, hunn mir festgestallt, dass Kanner séier gelangweilt sinn, wann een net déi richteg Virgoensweis an dat passend Material huet.
Fir dass de Projet een rouden Fuedem kritt, wäerten mir eis am Viraus een Plang opstellen, wat mir alles fir eisen Museksprojet brauchen
An deenen leschten Joren, ass Musek an der Maison Relais e bëssen ze kuerz komm an net sou vill praktizéiert ginn. Dat ass schued, well eng musikalesch Fréierzéiung ganz vill bewierken kann.
Zemools an engem stressegen Alldag ass Musek een gudden Ausgläich, wat souwuel berouegen kann, mee och kennen Kanner sech mat den Instrumenter austoben.
Eist Haaptzil ass et net, de Kanner Nouten beizebrengen,
mee dass si Musekswelt kennen leieren an Méiglechkeet kréien, erauszefannen, ob si sech domat identifizéieren kennen.
Musek ass sou villfälteg an huet vill positiv Kompetenzen.
De ganzen Projet wäerten mir sou gestalten, fir de Kanner hiert Interesse unzereegen.
Dest wëllen mir erreechen, andeems mir tëschenduerch ëmmer nees Spiller ubidden, déi mat Musek ze dinn hunn. Well aus laanger Erfarung, hunn mir festgestallt, dass Kanner séier gelangweilt sinn, wann een net déi richteg Virgoensweis an dat passend Material huet.
Fir dass de Projet een rouden Fuedem kritt, wäerten mir eis am Viraus een Plang opstellen, wat mir alles fir eisen Museksprojet brauchen
| Type | Projet pédagogique |
| Groupe cible / âge des enfants | 4-6 ans |
| Objectifs | kognitive Beräich: > Fërderung vun der Sproochentwécklung > Kreéieren vun eegenen Lidder > Gehörsenn vun de Kanner gëtt aktivéiert
> Experimenter mat Téin an der eegener Stemm > Konzentratiounsvermeigen gëtt gestäerkt > Kreativitéit gëtt gefërdert
emotionale Beräich: Motorik: > Mond & Handmotorik gëtt trainéiert > een Gefill fir Rhythmus Beweegungen > Kierperbeherrschung entwéckelen
soziale Beräich > Kooperatiounsbereetschaft gëtt gestäerkt > Ausdauer an Gedold > Leieren an engem Grupp ze sangen |
| Origine | Silvana Tamara |

Kachbuch
Projet pédagogique
05.10.2018 - 12.07.2019Pädagogesch Équipe vum SEA Zwergeland start dëst Schouljoer en Kach a Bak-Projet mat de Kanner. Dëst soll a fräiwëlleger Zesummenaarbecht mat den Eltere stattfannen déi eis jeeweileg en Rezept vun enger Familljenspezialitéit oder engem Nationalgericht ginn. Am Fall wou mir ze vill Rezepter kréien, gëtt zesumme mat de Kanner eng Selektioun gemaach.
All Kand wou matmécht kritt fir de Projet säin eegent Schiertech wat hien/hat sech selwer gestalten kann, souwéi säin eegene Bräiläffel.
Entréeën an Haaptplaten ginn ausschliisslech Dënschdes an der Vakanz gekacht. Beim Zoubereede vun eise Platen, lee mir grousse Wäert ob regional, fair a Bio Produkter, déi mir zesumme mat de Kanner kafe ginn (Kayler Maart, Bauer, Metzler, Cactus, asw.) D ‘Kanner sollen op déi Aart a Weis léiere wou een déi verschidde Produkter ka kafen an den Ëmgang mat de Sue méi nobruecht kréien. Bakaktivitéite fannen all 2 Donneschden a Form vun engem Atelier statt.
All Kach a Bakdaag gëtt schrëftlech wei och fotografesch festgehalen, fir dass zum Schluss vum Joer all Kand wou matgemaach huet mat engem Rezeptbuch belount gëtt. Zesummen mam Herr Bressler kucken mir fir eventuell en Video fir op eis Homepage ze dréinen.
Pädagogesch Équipe vum SEA Zwergeland start dëst Schouljoer en Kach a Bak-Projet mat de Kanner. Dëst soll a fräiwëlleger Zesummenaarbecht mat den Eltere stattfannen déi eis jeeweileg en Rezept vun enger Familljenspezialitéit oder engem Nationalgericht ginn. Am Fall wou mir ze vill Rezepter kréien, gëtt zesumme mat de Kanner eng Selektioun gemaach.
All Kand wou matmécht kritt fir de Projet säin eegent Schiertech wat hien/hat sech selwer gestalten kann, souwéi säin eegene Bräiläffel.
Entréeën an Haaptplaten ginn ausschliisslech Dënschdes an der Vakanz gekacht. Beim Zoubereede vun eise Platen, lee mir grousse Wäert ob regional, fair a Bio Produkter, déi mir zesumme mat de Kanner kafe ginn (Kayler Maart, Bauer, Metzler, Cactus, asw.) D ‘Kanner sollen op déi Aart a Weis léiere wou een déi verschidde Produkter ka kafen an den Ëmgang mat de Sue méi nobruecht kréien. Bakaktivitéite fannen all 2 Donneschden a Form vun engem Atelier statt.
All Kach a Bakdaag gëtt schrëftlech wei och fotografesch festgehalen, fir dass zum Schluss vum Joer all Kand wou matgemaach huet mat engem Rezeptbuch belount gëtt. Zesummen mam Herr Bressler kucken mir fir eventuell en Video fir op eis Homepage ze dréinen.
| Type | Projet pédagogique |
| Responsable(s) | Weiler Tamara, De Vido Kim, Gioioso Silvana, Reichel Tammy |
| Nom du groupe | Gourmet Zwergen |
| Groupe cible / âge des enfants | 4-6 ans |
| Objectifs | Richtziel: Mir brengen de Kanner d'Baaken an d'Kachen méi no |
| Origine | Weiler Tamara |
| Réalisé en partenariat avec | Parents |
| Nombre d'enfants | 10 |
| Champs d'action traités (max 2) | Émotions et relations sociales Valeurs, participation et démocratie Mouvement, conscience corporelle et santé |

D'Zwergen op enger kulinarëscher Rees
Projet pédagogique
09.10.2017 - 13.07.2018Mir hun eis fir dëse Projet entscheed, well mir dem Interesse vu verschiddene Kanner wollten nokommen.
Nodeems d'Kanner eis erzielt hun, datt se Doheem mat den Elteren gebaack/gekacht hun an dëst hinnen Spass gemach huet, hu mir decidéiert all Donnëschten Nomëtten während dem Schouljoer 2017-2018, e Kach- a Baackatelier unzebidden.
Am Laaf vum Projet, wëlle mir de Kanner d'Méiglechkeet gin, fir eegen Ideeën a Rezepter mat anzebannen.
Fir e flotten Ofschloss vum Projet ze hun, realiséiere mir mat de Kanner e klengt Kachbuch.
Mir hun eis fir dëse Projet entscheed, well mir dem Interesse vu verschiddene Kanner wollten nokommen.
Nodeems d'Kanner eis erzielt hun, datt se Doheem mat den Elteren gebaack/gekacht hun an dëst hinnen Spass gemach huet, hu mir decidéiert all Donnëschten Nomëtten während dem Schouljoer 2017-2018, e Kach- a Baackatelier unzebidden.
Am Laaf vum Projet, wëlle mir de Kanner d'Méiglechkeet gin, fir eegen Ideeën a Rezepter mat anzebannen.
Fir e flotten Ofschloss vum Projet ze hun, realiséiere mir mat de Kanner e klengt Kachbuch.
| Type | Projet pédagogique |
| Responsable(s) | Kelsen Sandy Weiler Tamara |
| Nom du groupe | D'Leckermeilëscher |
| Groupe cible / âge des enfants | 4-6 ans |
| Objectifs | Richtziel: Mir brengen den Kanner d'Baaken an d'Kachen mei no Grobziel: De Kanner hir Feinmotorik soll gestärkt gin Grobziel: De Kanner hiren Gerochs- a Geschmaachssënn soll gestärkt gin Grobziel: D'Kanner sollen d'Rezepter leieren verstoen an uwenden Grobziel: D'Kanner sollen d'Zutaten kenneleieren an benennen kennen Grobziel: D'Kanner solle léiere respektvoll mam Matérial ëmzegoen Grobziel: De Kanner hiert Wëssen iwwert Hygiène soll gefuerdert gin |
| Origine | Kelsen Sandy, Weiler Tamara |
| Réalisé en partenariat avec | Parents Autre |
| Autres partenaires | Äresto |
| Nombre d'enfants | 10 |
| Champs d'action traités (max 2) | Valeurs, participation et démocratie Langue, communication et médias Mouvement, conscience corporelle et santé |